Frédéric & Jules

Vun den éichte Momenter um Sciencamp als Jugendlecher, iwwert den Ufank vum Medezinstudententum bis hi Dokter, ass hien haut dem Jules säin Zéien. 

Him geet nogesoot dass seng Zwangsrekruteirung vum Jules a vum Tonie fir d’ALEM (Association Luxembourgoise des Etudiants en Médecine) firun enger retsch Joeren d’Ursach fir den heitegen Problem ass.

Cathy & Jules

Léiwe Jules,

Merci fir all déi schéi Momenter, eescht a manner eescht Gespréicher! Sierf et ronderëm d’Feier, an enger Schlaang um Jamboree virum Iesszelt, an engem Bus op den Zam oder virun der Infirmerie, bei enger Pizza, engem Glas Wäin, sm Keltenhaus oder soss entzwouch.  Wanns du dobäi bass weess ech dass et ëmmer lëschteg, ni langweileg an virun allem éierlech ass.

An dat ass genau dat wat ech un dir schätzen! Bleif wéis de bass, ech freeën mech op ganz vill nei Momenter!

Alisha & Jules

Den éischten Dag vum Stap 2016 geet definitiv an d’Geschicht an. Op dësem Dag ass eng grouss Frëndschaft gebuer ginn, déi bis haut unhält! Schonn ab dem éischten Owend war et kloer, datt de Jules an ech eis richteg gutt géife verstoen – egal ob et drëms geet, laang Gespréicher ze féieren, sech bei der Organisatioun vun Aktivitéiten ze ergänzen (ech soen nëmme Rieserad!), sech géigesäiteg z’ënnerstëtzen oder nach villes méi.

Eng frëndschaftlech bestuete Stap-Koppel hält eben e Liewe laang – do féiert kee Wee laanscht! Jules, bleif dir ëmmer selwer trei, well ech hu selten esou en oppenen, léiwen, witzege an absolut verréckte Mënsch wéi dech kennegeléiert! Genee dat mécht dech aus an dat ass dat, wat ech esou un dir schätzen 🙂

Mathis & Jules

et réicht sait gëschter ass de Jules ee mega super Brudder, deen ëmmer fir een do ass an eng grouss Inspiratioun fir mech ass! Du bass mega! ☀️

Basile & Jules

Ech ka mech nach gutt erënneren wéi d’Aurélie mir virun Gilwell sot “Ah de Jules ass do dobäi. Mat deem wäerts de dech gutt verstoen. Deen huet mech um Jamboree op der Norees di ganzen Zäit vollgequatscht”A sou sollt et och kommen.

Mat vollem Kierperasaz (sorry fir d’Nues) hu mir eis viru bal 10 Joer beim Kenneléierspill an der Belsch kennegeléiert 🙃 Den Optakt vun enger gudder a laanger Frëndschaft.

Merci Jules. Merci fir déi vill a laang Gespréicher bis wäit an d’Nuecht eran. Op déi nächst (bal) 10 Joer 🍾